Concerts

Corbi @ Rockhal, 6 März 2015

corbi-390x250
corbi-390x250

De 6. Mäerz 2015 ass et souwäit: d’Gebuertsstonn vun „De Gëllene Stull“. De lokalen Hip Hop Kënschtler Corbi (Grënnungsmember vun De Läb) invitéiert hei op d’Release vu sengem éischte Solo-Album am Club vun der Rockhal. Mat „De Gëllene Stull“ hëlt de Corbi Iech mat op eng Rees vu méi perséinleche Geschichten, ënnermoolt mat deels méi witzegen Anekdoten an och mol e puer méi kriteschen Téin. Wéi ëmmer ass alles mat engem Hauch Ironie a mat samplevollgepaakte Beats vum „Wispo“ aus der Rammeldanger Beatfabrik ënnerluecht. Fir d’Scratche suergt den „Nikkel K“ um Plackenteller an natierlech sinn och eng sëlleche Gäscht op dësem Projet invitéiert. Sou wäerten de Maka MC, Edel Weis an den Individu am Virprogramm de Sall schonn zum Kache bréngen. Huelt Iech also Plaz um Gëllene Stull an zelebréiert zesumme mam Corbi dësen Owend

Mehr Infos:www.facebook.com/DeKueb
Tickets unter:www.rockhal.lu

RELATED BY