Concerts

Tommek CD Release Party @ Prabbeli, 2 Mai 2015

Tommek-Pressefoto-390x250
Tommek-Pressefoto-390x250

De lëtzebuergesche Rapper Tommek lued iech an op d’Release vu sengem éischte Soloalbum „Tëschent Humor a Wourécht“ am Prabbeli zu Wolz.

Tommek Release Party „Tëschent Humor a Wourécht“ mam Support Act All The Way Down. „Den Tommek mécht Rap op letzebuergësch an léisst souwuel eng gudd Portioun Sarkasmus wéi och Selbstironie an séng Texter mat afléissen. Hien spuert och net un Wuertspiller fir eng gewëssen Wiërz an séng Lyrik ze bréngen. Sief et eng Situatioun aus dem Alldach oder suguer engt philosophescht Thema, den Tommek schreift iwwer dat wat hien inspiréiert an beschäftegt.

Hien start am Abrëll 2015 mat séngem éischten Soloalbum, wat den Titel „Tëschent Humor a Wourécht“ dréit. Déi 15 Lidder op der LP fëllen een breed Spektrum aus an normalerweis misst jiddereen op mannst een Lidd fannen mat deem en sech identifizéieren kann. Wéi den Numm vum Album et schon vermudden léisst, sin souwuel eescht an ganz perséinlech Lidder drop, déi dem Tommek séng Astellung zum Liewen widderspigelen mee och Lidder voll mat Witz an Pointen bis hin zu fir den Hip Hop typeschen Battletracks. Ganz bewosst leet den Tommek groussen Wäert op eng Villzuel un Facetten wann et em séng Musek geet an wënscht sech net an een Tirang gestach ze gin mee heen well duerch séng Villsäitegkeet erausstiechen.“

 

►Doors 20:00 am Prabbeli  / Support Act All-The-Way-Down um 20:30 /  Tommek um 21:00

►Virverkaf: 11 Euro mat dem Album gratis dobäi: https://e-ticket.lu/de/detail/5837

►Oweskeess: 12 Euro mat dem Album gratis dobäi

 

Links:

www.facebook.com/tmklu

www.youtube.com/tmklux

www.facebook.com/pages/All-The-Way-Down/173477091951?fref=ts

 

Quelle: www.prabbeli.lu

 

RELATED BY